Den Zölibat an der Kierch misst ofgeschaaft ginn, seet de fréiere Paschtouer Paul Galles. Dem Mataarbechter vun Young Caritas Lëtzebuerg no wäert dat enges Daags geschéien. Mee well d'Kierch e grousse Veräin wär, kéint dat nach laang daueren. Den neie Wäerterunterrecht soll net ofgeschaaft ginn, seet hien. De Paul Galles hat sech aktiv op der Säit vun der Bewegung "fir de Choix" fir den Erhalt vum Reliounsunterrecht agesat. De geléierten Theolog schléisst net aus fir sech politesch bei der CSV ze engagéieren. Hie gouf op Propose vun der CSV-Deputéiert Viviane Reding fir Lëtzebuerg vum Europaparlament mam Präis vum europäesche Bierger 2016 ausgezeechent.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Paul Galles
Episoden

Xavier Turquin
Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.

Monique Stirn
D'Generalinspektioun vun der Police huet d'lescht Joer däitlech méi Enquêtë géint Polizisten opgemaach, wéi nach 2023. Mir froen d'Cheffin vun der IGP, wourun et kéint leien.

Eric Thill
Dee fréiere Buergermeeschter vu Schieren ass net just Kultur- an delegéierten Tourismusminister, mee wëllt och Generalsekretär vun der DP ginn. Fir wéi eng Politik steet hien?

Leo Wagener
Nom Doud vum Poopst François stellt sech elo d’Fro: wat kann déi kathoulesch Kierch sech vu sengem Successeur erwaarden? Dat beschwätze mir mam Weibëschof.
Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär
Nei Serie am Zeenewiessel

Raymond Becker
D'Friddensplattform rifft muer (19.4.) zu hirem Ouschtermarsch op. Mee wéi sollen déi friddlech Léisunge fonnt ginn?

Philippe Jacob
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?

Jessie Thill
Mir froen d'Presidentin vum Observatoire de l’Environnement Naturel, firwat si déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz kritesch gesäit.

Tilly Metz
D'Europadeputéiert ass dës Woch mat enger Delegatioun vun deene Gréngen am Europaparlament an der Ukrain.

Charel Müller
Mir froen den neie President vun der Dëschtennisfederatioun, wéi hien no de Reiwereien an de leschte Méint nees Rou an d'FLTT wëllt bréngen.

André Hansen
E Sonndeg geet d'Weltausstellung zu Osaka a Japan op. Mir froen de Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon, wat d'Visiteuren do erwaart.

Carole Hartmann
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?

Paul Nathan
Ass de Bausecteur mëttlerweil um Wee aus der Kris eraus? Mir froen de Vizepresident vun der Chambre des Métiers.

Sven Baltes
Den Invité vum Dag ass deen neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.

Christian Weis
Mir froen den Escher Buergermeeschter, wéi hie seng Gemeng wëllt prett maache fir 50.000 Awunner.

Patrick Goldschmidt
Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.

René Winkin
Mam Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil schwätze mir ë. a. iwwer d'Stroftaxe vum US-President Trump.

Pascal Peters
Mam Generaldirekter vun der Police geet rieds iwwer dee massive Recrutement, d'2024er Kriminalstatistik an d'Aféierung vun de Bodycams (vum 1. Juli un).

Christophe Hansen
Den EU-Agrar-Kommissär ass den Invité beim Maurice Molitor.
