Radioen

On air

Tockcity  |  Fidlar - Down N Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Stefan Braum

De Jurist erkläert de Burkaverbuet am Liicht vum Europäesche Recht.

Sala Makumbundu

D'Generalsekretärin vum Ordre des architectes et ingénieurs conseils iwwer d'Fräiheet vun Architekten beim Plange vun Immobilien.

François Biltgen

De Lëtzebuerger Riichter um Europäesche Geriichtshaff schwätzt iwwert déi wichteg Dossieren déi d'Geriicht d'lescht Joer traitéiert huet.

Eugène Berger (DP) & Laurent Zeimet (CSV)

Wéi gutt huet d'Regierung geschafft a wat kann nach gemaach ginn? Den DP-Fraktiounschef an de CSV-Generalsekretär diskutéieren iwwert "d'Lag vum Land".

Jean-Claude Reding (CSL) & Robert Urbé (Caritas)

Wéi ass d'Soziallag am Land? D'Salariatskammer an d'Caritas appelléieren un d'Politik. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.

Corinne Cahen

Wat sinn d'Schwéierpunkten an d'Erausfuerderungen fir d'DP? Nom Nationalkongress gëtt d'Parteipresidentin Erklärungen.

Daniel Graul

Mam Oktavpriedeger schwätze mir iwwer de Stellewäert vun der sougenannter Muttergottespilgerfahrt, déi d'kathoulesch Kierch vun e Samschdeg un organiséiert.

Malik Zeniti

Grouss Porte-ouverte haut bei de Lëtzebuerger Logistikbetriber. Den Direkter vum Cluster for Logistics erkläert d'Erausfuerderunge fir de Secteur.

Emile Eicher

De CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vu Klierf ass neien-ale President vum Gemengesyndikat Syvicol. Mat him geet rieds iwwer Landesplanung.

Ines Kurschat

Mat der Journalistin an neier Presidentin vum Presserot geet rieds iwwer Pressefräiheet an Informatiounszougang.

Martine Kleinberg

D'Presidentin vum "Comité pour une paix juste au Proche-orient" (CPJPO) schwätzt iwwert Antisemitismus, Islamophobie an d'Recht vun de Palestinenser op en eegene Staat.

Daniela Noesen

Bio-Lëtzebuerg feiert 30 Joer. Mir schwätze mat hirer Direktesch iwwer d'Entwécklung vun der Biolandwirtschaft hei am Land.
Sven Clement

Sven Clement

Mam President vun der Piratepartei geet rieds iwwer den Zoustand vu senger Partei an d'Kooperatioun mat der PID bei de Wahlen am Oktober.

Simone Asselborn-Bintz

Déi Suessemer LSAP-Schäffin réckelt an der Chamber no fir de Roger Negri.

Eric Schauls

Mam Responsabele fir de Volet Biodiversitéit am Nohaltegkeetsministère geet rieds iwwer e Biodiversitéitsrapport, dee rezent vun internationale Regierungsvertrieder ugeholl gouf.

Barbara Gorges-Wagner a Sally Stephany

Iwwer d'BEE SECURE Stopline kënne Bierger illegale Contenu um Internet anonym mellen.

René Steinhaus

D'lescht Joer sinn 3,6 Millioune Passagéier iwwer de Findel geflunn. Mam Interimsdirekter vu lux-Airport schwätze mir iwwer d'Entwécklung vum Fluchhafen.

Christian Strasser & Marc Hengen

Mam neie President a mam Administrateur-délégué vun der ACA schwätze mir iwwer déi aktuell Situatioun bei de Lëtzebuerger Assurancen.

Kik Schneider

De Lëtzebuerger Journal kritt 70 Joer: mir schwätze mam President vum Verwaltungsrot.

Marc Crochet

Mam Directeur général adjoint vum Roude Kräiz geet rieds iwwert de Mois du Don (vum 1. bis den 30. Abrëll 2018).