Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Leo Wagener

Mëssbrauchstreffen, Gleeweg déi ausbleiwen, an d'Trennung vum Staat. Wéi geet et der kathoulescher Kierch? Doriwwer geet rieds mam Generalvikar.
Sven Clement

Sven Clement

Mam Éierepresident an Deputéierte vun der Piratepartei geet rieds ë. a. iwwer eng Fusioun mat der PID, d'Europawahlen an de Klimawandel.

Djuna Bernard

Mir froen déi 26 Joer al Politikerin, wat si als nei Co-Presidentin vun déi gréng wëllt erreechen.

Cédric Metz & Blanche Weber

D'Vertrieder vum Mouvement écologique kommentéieren déi aktuell Entwécklungen an der Klimapolitik.

Georges Jacobs

Mam President vun der Jeeërfederatioun geet rieds iwwer de Virfall vun 2016, bei deem eng Fra ugeschoss gouf an iwwer d'Juegd generell.

Romain Wolff

Mam President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP schwätze mir iwwer d'Sozialwahlen an de Staatsbudget.

Marco Boly

Wéi gutt funktionéiert d'Kontroll vum Aarbechtsrecht? Den Direkter vun der Inspection du travail et des mines gëtt Prezisiounen.

Camille Thommes

Eng eventuell Reform vun der Taxe d'abonnement an d'Konsequenze vum Brexit fir eis Fongen-Industrie sinn Themen am Gespréich mam ALFI-Generaldirekter.

Lou Reckinger

Um internationale Fraendag: e Gespréich mat enger jonker Feministin vu "Voix de jeunes femmes", der Jugendkommissioun vum Conseil national des femmes (CNFL)

Adrien Thomas

E puer Deeg virun de Sozialwahlen: e Gespréich mat engem Politolog, deen um LISER iwwer Gewerkschafte fuerscht.

Pierre Gramegna

En Interview mam Finanzminister, een Dag no der Presentatioun vum Budgetsprojet 2019

Pierre Barthelmé

Den neie President vum Conseil de la Concurrence schwätzt iwwer d'Institutioun.

José Campinho

Den Direkter vun der Wochenzeitung Contacto a Generaldirekter vu Radio Latina iwwer Medienaarbecht a portugisescher Sprooch zu Lëtzebuerg.

Geoffrey Caruso

De gratis ëffentlechen Transport an, allgemeng, d'Zesummespill vu Landesplanung a Mobilitéit sinn d'Themen am Gespréich mam Expert fir Stadentwécklung.

Mylène Bianchy & Georges Merenz

Gratis ëffentlechen Transport, Verspéidungen an Ausfäll vun Zich, Ausbau vum Tram - d'Gewerkschaftler vu Syprolux a Landesverband kommentéieren.

Robert Dennewald

"Gilet jaune vum Patronat", nennt sech de fréiere Patronatsvertrieder, an hie bezitt Stellung zu: Congé collectif, neie Feierdeeg an dem Luc Frieden.

Guy Castegnaro & Erwann Sevellec

Beliicht vu Patronats- a Salariatssäit, geet mat de Spezialisten am Aarbechtsrecht rieds iwwer Litigen a Sozialkonflikter an den Entreprisen.

Guy Feyder

Wei verschaaft een engem Secteur Geheier, deen ëmmer méi kleng gëtt? Dat froe mir den neie President vun der Landwirtschaftskammer.

Marc Reiners

Kann d'Luxlait nach mat der Konkurrenz aus dem Ausland mathalen? Dat froe mir den neie President vun der Lëtzebuerger Molkerei.

Jos Schummer

Wat weess de Buergermeeschter vu Biissen iwwer de Projet vum Google-Datazenter? Eng Biergerinitiativ mécht sech Suergen iwwer den Impakt op d'Ëmwelt.