arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
José Campinho
Mat nobäi 100.000 Leit ass déi portugisesch bei wäitem déi gréisst vun allen auslännesche Communautéiten hei am Land. Grouss genuch och, fir eng eegen Zeitung (de Contacto) an en eegene Radio (de Latina) ze verdroen. De José Campinho, Chef vu béide Medien, déi allen zwee zum Groupe Saint-Paul gehéieren, ass een Dag nom Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté eisen Invité vum Dag.