arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Camille Thommes
Een Dag nodeems de Pierre Gramegna de Budgetsprojet fir 2019 virgestallt hat, huet hien op enger Konferenz vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Investissementsfongen (ALFI) eng Ouverture gemaach, déi en Impakt op d'Recettë-Säit vun zukünftege Budgeten kéint kréien: De Finanzminister huet seng Bereetschaft signaliséiert, d'Taxe d'abonnement - eng Steier, déi d'Fongenindustrie bezilt - "op de Leescht ze huelen" an eventuell eenzel Adaptatiounen virzehuelen. D'ALFI wäert frou gewiescht sinn, dat ze héieren.