Radioen

On air

Tockcity  |  Jane Remover - Flash in the Pan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Yves Elsen

Den neie President vum “Conseil de gouvernance” vun der Uni Lëtzebuerg am Gespréich.

Catherine Boisanté

D'Aktualitéit am Spidolswiesen an de staatlech a kommunale "Centre hospitalier" sinn Themen, déi mat der medezinescher Direktesch vum CHL disktuéiert ginn.

Salim Levent Sahinkaya

Nom gescheiterte Putschversuch an der Tierkei kommentéiert den tierkeschen Ambassadeur d'Situatioun an der Tierkei an d’Relatioune mam Ausland.

Ramzi Kassem

De Jurist a Professer ass Co-Auteur vun engem Rapport iwwert d'Anti-Terrorismus Mesuren a Frankräich. Dem Rapport no sinn dës "mënscherechtsfeindlech".

Paul Bressler, President vun der APEG

De Beruffsverband vun de Sozialpädagoge fuerdert d’Ofschafe vun Iwwergangsbestëmmungen, déi an der Reform vun der Fonction publique festgeluecht goufen.

Emile Eicher

De President vum Syvicol an CSV-Deputéierten am Gespréich iwwert de Gesetzprojet iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabriken.

Jean-Christophe Burkel a Gontran Poirot

6zero1 ass deen neien “incubateur pour entrepreneurs sociaux”, dee Betribsgrënner mat ekonomeschen Aktivitéiten am soziale Beräich begleet.

Romain Pauly

Den Direkter vum Centre Thérapeutique vu Manternach iwwert d’Betreiung vun Drogenofhängegen an d’Evolutioun vum Drogephänomen.

Vincent Theis

Den Direkter vum Prisong zu Schraasseg kommentéiert ënnert anerem de Phänomen vun der Radikaliséierung an d'Prisongs-Reform.

Robert Scharfe

De Generaldirekter vun der Bourse warnt, datt mam Brexit vill Kapital d'EU verléisst.

Vincent Hein

Zanter 2005 si méi wéi 200.000 Leit an d'Land komm an 110.000 hu Lëtzebuerg verlooss. Kommen déi meescht fir nees ze goen?

Leo Wagener

D'Kierchefabrike ginn ofgeschaaft. De Generalvikar diskutéiert iwwert deen neie Gesetzprojet, dee leschte Freideg presentéiert gouf.

Jean-Louis Margue

Haut ginn d'Olympesch Spiller vu Rio un, mat méi wéi 10.000 Athleten a virum Hannergrond vu Negativmeldungen. E Gespréich mam Vize-President vum COSL.

Yves Boden

Am Juli gouf se gestëmmt, mee wat ännert duerch d'Konventioun mam Staat fir d'Muslimen zu Lëtzebuerg? Doriwwer geet Rieds mam Yves Boden vun der Shoura.
Georges Engel

Georges Engel

Wéi en Impakt huet den ëmstriddene Contournement vun Nidderkäerjeng op d’Populatioun vu Suessem? Doriwwer diskutéiert de Buergermeeschter vu Suessem.
Robert Kieffer

Robert Kieffer

Den Direkter vun der Pensiounskeess iwwert ee schwieregt Joer fir de Kompensatiounsfong, deen zejoert iwwer 7 Prozent manner Rendement hat.

Fernand Ruppert a Joel Scheuer

An der geplangter Policereform gëtt et kee Konzept fir déi zukünfteg Police judiciaire seet d’APPJ, d’Associatioun vun der Police judiciaire.

Axel Urhausen

Mam responsabelen Dokter vum olympeschen Team geet ënnert anerem rieds iwwert Dopping an iwwer d'Roll vun der Medezin am Sport.
Jean-Paul Lickes

Jean-Paul Lickes

Iwwerschwemmungen, Waasserverschmotzung a Renaturéierung sinn Theme mam Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.

Ariane König

"Nohalteg Entwécklung a sozial Innovatioun" heescht e neie Studiegang op der Uni Lëtzebuerg. Déi Responsabel vum Projet erkläert.