Radioen

On air

Notturno  |  Brigid Mae Power - Counting Down

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Romain Mancinelli

Lëtzebuerg huet nei Verdeedegungsrichtlinnen a gëtt méi Suen aus fir d'Militär. De Chef d'état-major a Generol erkläert den Impakt fir d'Arméi.

Raoul Clausse & Jean Konsbruck

Sëll ass mat knapp 800 Awunner déi klengst Gemeng am Land. MIr schwätzen iwwert d'Schwéierpunkte fir d'Gemengewahlen 2017.

Dan Kersch

Den Inneminister hëlt Stellung zum Avis vum Staatsrot iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabricken. D'Regierung muss nobesseren, wéinst Opposition formellen.

Xavier Buck

Mir froen de President vum ICT Cluster, wat en Datacenter vu Google fir de Standuert Lëtzebuerg géif bedeiten.

Serge Jochheim

Huet d'Partei fir Integral Demokratie (PID) nach politesch Ambitiounen? Mir froen den neie Parteipresident.

Claude Wagner

De 'Fonds du Logement' huet eng nei Féierungsstruktur. De neie President schwätzt iwwert nach persistent intern Problemer an iwwert nei Projeten.

Lex Delles

No de Lycéeë gëtt de Reliounsunterrecht elo och an der Primärschoul ofgeschaaft. Mir froen den DP-Deputéierten, wat dat fir d'Schüler an d'Enseignante bedeit?

Tom Oberweis

D'Chambre des métiers vertrëtt 6.900 Handwierksbetriber. Den neie President schwätzt iwwert d'Erausfuerderungen un de Secteur.

Patrick Dury

Kann een no bal véier Joer Blo-Rout-Gréng vu fortschrëttlecher Sozialpolitik schwätzen? Mir froen de President vum LCGB.

Martine Hansen a Claude Meisch

Bitt d'Lycéesreform déi bescht méiglech Perspektive fir all Schüler?

Nicolas Schmit

Nach vrum Summer soll en Gesetz gestëmmt gi fir Laangzäitchômeuren den Accès op den Aarbechtsmaart ze erliichteren. Den Aarbechtsminister erkläert.

Luc Tapella

Den "Institut luxemborgeois de régulation" feiert 20 Joer. Den Direkter erkläert d'Aufgabeberäicher vum ILR.

Guy Arendt

Virun engem Joer huet d'Regierung en Austausch lancéiert mat de Kulturschafenden. De Staatssekretär am Kulturministère zitt Bilan vum Suivi vun de Kulturassisen.

Marc Graas

De Beruff vum Psychotherapeut ass elo gesetzlech unerkannt. Mir froen de Generaldirekter vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Ettelbréck wat dat fir d'Patienten heescht.

Xavier Bettel

15 Méint virun de Chamberwahlen schneiden d'Regierungsparteien an Ëmfroen schlecht of. Mir froen de Premier wéi d'Regierung d'Wieler awer nach wëllt op hir Säit zéien.

Tanja Zwanck

D'Presidentin vun der "Association du personnel de la police judiciaire" schwätzt iwwert d'Policereform an iwwert den Alldag vun der Kriminalpolizei.

Philippe Glaesener

Mir froen de Senior Vice President vun der SES, wéi de Satellittebedreiwer um chinesesche Marché wëllt aktiv ginn a wat d'Schwieregkeeten dobäi sinn?

Lea Bonblet

Mir froen d'Biologin vun "Natur an Ëmwelt" wéi extrem Temperature sech op d'Planzen- an Déierewelt zu Lëtzebuerg auswierken.

André Roeltgen

Den OGBL-President iwwert d'Themen, déi seng Gewerkschaft virun de Wahlen wëllt op den Agenda setzen.

Corinne Cahen

Zuel vun den Asyldemandë klëmmt. De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot fuerdert eng besser Integratioun vun de Flüchtlingen. D'Ministerin hëlt Stellung.