Invité:e vum Dag
Martine Hansen a Claude Meisch
Vu September u sollen d'Lycéeë méi Fräiheet kréie fir den Unterrecht ze gestalten. Dat ass d'Haaptzil vun der Lycéesreform. D'Schüler sollen doduerch méi Choix kréien, fir sech déi Schoul erauszesichen, déi hire Besoinen entsprécht. "Mir mussen ophalen d'Kanner an een eenheetleche System eranzestiechen," seet den Educatiounsminister Claude Meisch.
Mee d'CSV gesäit d'Pläng vun der Regierung kritesch. Virun allem déi ländlech Regioune kéinten duerch d'Reform benodeelegt ginn. "Um Geesseknäppchen hu mir ënnerschiddlech Schoulen. Déi kënne sech ofschwätzen. (...) Do huet de Schüler de Choix tëscht den ënnerschiddleche Kiischten um Kuch. Mee zu Wolz muss en dat huelen, wat d'Schoul ubitt," esou d'CSV-Deputeiert Martine Hansen.