Invité:e vum Dag
Nicolas Schmit
Nach vrum Summer soll en Gesetz gestëmmt gi fir Laangzäitchômeuren den Accès op den Aarbechtsmaart ze erliichteren. Och wann de Chômage zu Lëtzebuerg generell réckleefeg ass, esou trëfft dat fir Leit déi laang am Chômage sinn, net zou. Besonnesch betraff si Persounen iwwer 45 Joer a mat wéineg Qualifikatiounen. D'Gesetz kéint awer elo Verspéidung kréien. De Staatsrot huet a sengem Avis eng Rei formell Oppositiounen ausgeschwat.
Invité vum Dag de Moien ass den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.