Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis - Akousmatikous Feat. Soccer96

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Norry Schneider

Op den Transition Days geet et ëm d'Fro, wéi ee sech gutt ernäre kann an an engems d'Limitte vum Planéit a vum Klima respektéieren.

Françoise Thoma a Camille Fohl (BCEE)

Wéi eng Roll spillt déi staatlech Spuerkeess? Doriwwer schwätze mir mat der Generaldirectrice a mam President vum Verwaltungsrot vun der BCEE.

Elisabeth Margue (CSJ) & Jimmy Skenderovic (JSL)

D'President/in vun de Jugendorganisatioune vun der CSV an der LSAP schwätzen iwwert den Engagement an d'Plaz vu Jonke bei grousse Parteien.

Fred Keup

Mam President vun der Initiativ Wee2050 / Nee2015 geet Rieds iwwert d'Kooperatioun mat der ADR am Hibléck op d'Chamberwahlen am Oktober.

Roger Spautz

Prisongsstrofen fir Greenpeace-Aktivisten, déi op den Site vun der Atomzentral vu Cattenom agedronge waren - d'Positioun vu Greenpeace Lëtzebuerg.

Romain Wolff

Mam President vun der CGFP, déi ronn 30.000 Staatsbeamte vertrëtt, schwätze mir iwwer gewerkschaftlech Aarbecht an Zäite vu Virwahlkampf.

Julien Licheron

Mam Chercheur um LISER maache mir d'Analys vun de Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart a schwätzen iwwert méiglech Léisunge vun der Wunnengsnout.

Roland Fox

Mam Direkter vu Ponts & Chaussées geet Rieds iwwert déi geplangte Renovéierung a Moderniséierung vun de Pisten um Findel.

Roland Kuhn

Wat sinn déi aktuell Problemer vum Bausecteur? D'Vue vum President vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Bauentreprisen.

Luc Caregari

Well d'Regierung den Informatiounszougang fir Journalisten net regelt, mécht de Presserot eng eege Propos fir e Gesetz.

Roland Bastian

Mam Head of Country Luxembourg vun Arcelor Mittal geet rieds iwwert d'Situatioun an d'Perspektive vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.

Roberto Traversini

Mir schwätze mam Député-Maire vun Déifferdeng an neie President vum Gemengesyndikat Pro-Sud.

Marion Zenner

De Schengen-Lycée huet eng nei Direktesch. D'Marion Zenner schwätzt iwwert dat erfollegräicht pedagogescht Konzept vun der Däitsch-Lëtzebuerger Schoul.

Patrizia Thiry-Curzietti

Burn-out am Finanzsecteur hëlt zou. D'Generaldirektesch an Doktesch vun der ASTF, der Association pour la santé au travail du secteur financier, erkläert.

Camille Thommes

D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet d'lescht Joer e Wuesstem vu 17% gemaach. 4.000 Milliarden Euro Fonge ginn zu Lëtzebuerg geréiert. De Generaldirekter vun der Alfi, de Camille Thommes erkl

Jean Billa

De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat: mir schwätze mam Lycées-Direkter.

Christine Majerus

No hirer véierter Plaz op der Cyclocross-WM a virum Optakt vun der Stroossesaison: Réck- an Ausbléck mat der Lëtzebuerger Top-Cyclistin.

Claire Sertznig

Déi fir de Marketing zoustänneg nei Mataarbechterin vum Wäibau-Institut iwwert d'Ausschaffe vun enger neier Strategie.

Sibylla Mayer

Mat der Soziologin geet Rieds iwwert dat neit Prostitutiounsgesetz an iwwert d'Roll vun der Schoul an der Zivilgesellschaft an där Thematik.

Martine Deprez, UGDA-Presidentin

Mat der Presidentin vum Daachverband vun de Museksorganisatioune geet Rieds iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen an d'Mutuelle.