Invité:e vum Dag
Jean Billa
"Jidderee ka programméieren", esou heescht eng Bildungs-Initiativ vun der US-Technologie-Entreprise Apple.
Dëse Programm gëtt et an Tëschenzäit och a 16 europäesche Länner, dorënner Lëtzebuerg. Et geet drëm fir jonke Leit bäizebréngen, wéi si Applikatioune fir mobil Geräter kënnen entwéckelen. D'Schüler a Studente solle Carrière an der sougenannter App-Economy kënne maachen, gëtt versprach.
Hei am Land maachen de Lycée des Arts et Métiers an den neie Lycée Edward Steichen zu Klierf bei der Apple-Initiativ "Everyone Can Code" mat. De Serge Kesseler ënnerhält sech mam Jean Billa, dem Direkter vum Klierfer Lycée: e Lycée, dee fir d'Rentrée 2018/2019 opmécht.