arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Julien Licheron
De Manktem u Wunnengen ass e strukturelle Problem hei am Land: Zënter ville Joren ass d'Demande méi grouss wéi d'Offer. Dat huet mat där ganz dynamescher Entwécklung vun der Populatioun ze dinn, déi all Joer ëm ongeféier 2,5 Prozent wiisst. U sech feelt et awer weder u Fläch, nach u Bauland, seet de Julien Licheron, deen de Wunnengsmaart zënter 2009 als Chercheur um LISER ganz enk am Bléck huet. De Maurice Molitor mécht mat him eng Analys vun de Problemer a vu méigleche Léisungen.