Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Tom Delles

Froen un den Direkter vun der Akerbauschoul, déi iwwer de Summer vun Ettelbréck an e fonkelneit Gebai op Gilsdref geplënnert ass.
Claude Bache

Claude Bache

De President vun der Actioun Lëtzebuergesch iwwer d'Aarbecht vun der ASBL, déi sech zanter genee 50 Joer fir eis Sprooch asetzt.
Dr. Isabel de la Fuente

Dr. Isabel de la Fuente

D'Pediaterin aus dem CHL, déi op Infektiounskrankheete bei Kanner spezialiséiert ass, iwwer déi neisten Erkenntnisser a Saache Kanner a Covid.
headphones

18 min

play_arrow
Henri Kox

Henri Kox

Wéi reagéiert de Minister vun der bannenzeger Sécherheet op den Tëschefall vun e Samschdeg op der Gare?

Dr. René Metz

Den Direkter vum Escher CHEM ass zanter sechs Méint am Amt. Mir froen hien, wéi et mam Projet Südspidol weidergeet, deen elo op een Neits Retard kritt.
headphones

18 min

play_arrow

Anne Calteux

Mir schwätze mat der neier Cheffin vun der Vertriedung vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg.

Alain Massen

Wéi eng Corona-Mesurë solle vun der Rentrée un an de Schoule gëllen? Doriwwer schwätze mir mam President vun der nationaler Elterevertriedung.

Guy Entringer

Mam Direkter vun der SNHBM schwätze mir iwwer d'Schwieregkeete beim Kaf vu Bauland an iwwer d'Perspektive fir de soziale Wunnengsbau.

David McAllister

Mam David McAllister, dem President vun der ausspolitescher Kommissioun am Europaparlament, kucke mer op d'Roll vun der EU an der Afhanistan-Kris. Huet d'EU iwwerhaapt eng Roll gespillt? Wéi

Bartosz Wielinski

Mam polnesche Journalist vun der Zeitung Gazeta Wyborska iwwer d'Pressefräiheet a Polen an de Sträit mat der Europäescher Kommissioun iwwer d'Reform vun der Justiz a Polen.

Mireille Rahmé-Bley

Virum Braderies-Weekend an der Stad: e Gespréich mam der neier Presidentin vum Geschäftsverband (UCVL)

Claude P. Muller

Impfduerchbréch, Häerdenimmunitéit, Booster-Dosis sinn e puer vun de Stéchwierder am Gespréich mam Virolog aus dem Luxembourg Institute of Health (LIH).

Gilles Roth

Den CSV-Deputéierten iwwer déi steierpolitesch Iwwerleeungen, déi am Moment an der Budgets- a Finanzkommissioun vun der Chamber geféiert ginn.

Tom Habscheid

Haut ass den Optakt vun de Paralympesche Spiller zu Tokio. E Gespréich mam eenzege Lëtzebuerger Athleet, deen do un den Depart geet.
François Bausch

François Bausch

Froen un de Verteidegungsminister (iwwer d'Situatioun am Afghanistan) an un de Vize-Premier (iwwer Corona-Steier a Klimakris)

Patrick Hau

Honnerte Liewensmëttel-Produite solle net méi consomméiert ginn, well se e geféierlech Gas enthalen. Wéi konnt et dozou kommen? Mir froen de Commissaire à la Sécurité Alimentaire.

Tom Aschman

D'Covid-Fuerschung steet staark am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Ass dat e Vir- oder en Nodeel fir d'Fuerscher? Dat froe mir e jonke Neurolog, deen iwwer Covid fuerscht.

Jean Asselborn

Mir froen den Ausseminister, ob d'EU sech no der Muechtiwwernam vun den Taliban op eng nei Flüchtlingswell muss astellen.

Charel Goerens

Wéi kann am Afghanistan elo Schlëmmeres verhënnert ginn? Dat froe mir den DP-Politiker, deen Defense-Minister war, wéi déi Lëtzebuerger Zaldoten an den Afghanistan geflu sinn.

Mark Cole

RT DE kritt zu Lëtzebuerg keng Autorisatioun fir een däitschsproochegen Tëleesprogramm ze diffuséieren. Wat seet dozou de Professer fir Medierecht op der Uni Lëtzebuerg?