Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Martine Reicherts (FNR)

Mir schwätze mat der neier Presidentin vum Fonds national de la recherche FNR, der Martine Reicherts.
Marc Goergen (Piratepartei)

Marc Goergen (Piratepartei)

Mir schwätze mam Coordinateur vun der Piratepartei: de Politiker gouf e Samschdeg op dësem Posten erëmgewielt.

Carole Dieschbourg

Mir froen d'Ëmweltministerin, wéi definitiv hiren Energie- a Klimaplang ass.

Claude Lamberty

Mir froen de neien DP-Deputéierten, wéi eng Schwéierpunkten hie wëllt an der Chamber setzen.

Nadine Geisler a Jean Reitz

Mir froen déi zwee Historiker, wat si an den alen Datebanke vum Geheimdéngscht fonnt hunn.

Alain Duschène

Mir froen de Chef vum Etat-Major, wéi hien d'Affär Schleck wëllt an de Greff kréien.
Xavier Bettel

Xavier Bettel

Wéi eng Conclusiounen a Konsequenzen zitt de Premier aus dem Rapport Waringo iwwer d'Personal- a Finanzgestioun um Haff?

Ulrich Wickert

Dee bekannten däitschen TV-Journalist (Tagesthemen-Presentateur a Paräis-Korrespondent) schwätzt iwwer Frankräich a säin neit Buch ronderëm d'Theemen Identitéit an Heemecht.

Christophe Hansen

D'Positioune vun EU a Groussbritannien iwwer een Handelsaccord leie wäit auseneen. Mir schwätze mam CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.
Paul-Henri Meyers

Paul-Henri Meyers

De laangjäregen CSV-Deputéierte a Verfassungsspezialist iwwer Conclusiounen a Konsequenzen, déi aus dem Waringo-Rapport gezu gi kënnen, sollen a mussen.

Claude P. Muller

De Fuerscher aus dem Luxembourg Institute of Health (Departement Infektioun an Immunitéit) gëtt Explikatioune ronderëm den neie Coronavirus.
Michèle Detaille

Michèle Detaille

D'FEDIL-Presidentin iwwer déi limitéiert Begeeschterung vun der Industrie fir de Klimaplang an d'Problemer jonk Talenter unzezéien.

Renate Winter

Zanter iwwer 10 Joer gëtt iwwer en neit Jugendschutzgesetz diskutéiert. Mir froen d'Kannerrechtsexpertin vun der UN, wéi si d'Chancen op en Accord gesäit.

Yves Mersch

Firwat hannerfreet d'Europäesch Zentralbank all hir Instrumenter? Wéi preparéiert si sech op den Zäitalter vun den digitale Wärungen? Froen un de Member vum EZB-Directoire.

Emile Lutgen

Mir froen den neien Direkter vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte op de Geschäftsmodell vu sengem Etablissement nach funktionéiert.

Martine Solovieff

Mir froen d'Procureur Général d'Etat, wéi d'Justiz an Zukunft e adequaten Dateschutz wëllt garantéieren.

Jean-Jacques Schonckert

Mir froen de President vun der Associatioun Mäi Wëlle, Mäi Wee, firwat esou vill Leit guer net wëssen, datt et en Euthanasie-Gesetz gëtt.
Simone Asselborn-Bintz

Simone Asselborn-Bintz

E Gespréich mat der gëschter vereedegter neier LSAP-Deputéierter, déi och nach Schäffin vun der Gemeng Suessem ass a geschwënn do Buergermeeschtesch soll ginn.

Agny Durdu

D'Presidentin vum Staatsrot iwwer déi fir hir Institutioun heiansdo schwiereg Balance tëschent Transparenz an Diskretioun.

Lydia Heinisch

Den Dag no der Foire Vakanz 2020: d'Cheffin vun der ULT iwwer d'Reesloscht a -gewunnechte vun de Lëtzebuerger