De Steel-Pan Spiller Victor Provost 17.07.2025 - 20h00 Mam Victor Provost ass e spezielle Gaascht am Interview aus de Vereenegte Staaten zougeschalt. Hien erzielt iwwer säi Parcours a stellt déi schéin nei Plack "Island to Island" vir.
Joel Frahm - Miles Davis - Jimmy Smith a Wes Montgomery 10.07.2025 - 20h00 Dee relativ neien Disk “Lumination” - Den Album “Conception” - Super hip Musek vun engem CD, deen dacks vergiess gëtt ...
De Peter Bernstein Trio, den Allan Holdsworth a "Gouldian Finch" 03.07.2025 - 20h00 E Fiels an der Brandung, wann ee vum modernen Uergeltrio schwätzt - Ee vun de bedeitendste Fusion/Progressive Jazz-Gittaristen - Ee brandneien Album: “Prohet Gouldian Finch”
De Mathias Eick, de Reggie Workman an de Peter Gall 26.06.2025 - 20h00 Wonnerschéin, déifgrënneg skandinavesch Kläng - E Kontrabassist, dee vill Leit éischter als Sideman bekannt ass - Däitschen Jazzpräis fir “Love Avatar”
3 Albumen 19.06.2025 - 20h00 Deen neien Album vum Sam Greenfield - “Earth Jones” vum Elvin Jones - Trio Album vum Jerry Bergonzi
Carl Allen - John Clayton - Wayne Shorter 12.06.2025 - 20h00 Deen neien Disk vum Batteur Carl Allen, zesumme mam Christian McBride um Bass an dem Chris Potter um Saxofon - Nei CD vum John Clayton - D’Jazz vum Feinsten aus de Mëtt 60er Joren
De Larry Goldings, de Victor Feldman an de Peter Evans 05.06.2025 - 20h00 Dem Larry Goldings säi Livealbum am Pianostrio, "I Will"- de Victor Feldman, en englesche Multiinstrumentalist - de Peter Evans bréngt mam Petter Eldh eng Kollaboratioun eraus
Ofri Nehemya -Butcher Brown - McCoy Tyner 29.05.2025 - 20h00 Deen neien Album vum Ofri Nehemya - An d’Band Butcher Brown huet en neien Disk released, an de Klassiker ass dës Kéier de McCoy Tyner a säin Trio mam Album “Inception".
Den Arthur Possing a säin neien Album "Homes" 22.05.2025 - 20h00 Pünktlech fir déi dräizéngt Editioun vum Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeléng huet den Arthur Possing eis säin neien Opus "Homes" matbruecht.
Herbie Hancock, Kenny Garret an Wynton Marsallis 15.05.2025 - 20h00 An dëser Episod vu Genuddels a Gejiips steet mol eng Kéier keen neien Album um Programm, mee dräi Stéck déi ze dacks vergiess ginn.
Kurt Rosenwinkel, Jacob Mann a Miles Davis 08.05.2025 - 20h00 De Kurt Rosenwinkel huet schonn 2022 een Album mat Fokus op de Frédéric Chopin erausbruecht. Déi neiste Release iwwer de Johannes Brahms ass nom selwechte Konzept entstanen.
Festival Like A Jazz Machine 2025 01.05.2025 - 20h00 Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg, 7.-11.5. ass zu Diddeleng déi 13. Editioun vum Jazzfestival.
Coup de Coeure vum PB 24.04.2025 - 20h00 De Pol Belardi huet bei Geleeënheet vu sengem Gebuertsdag eng Rëtsch Opname queesch duerch d'Jazzgeschicht zesummegesicht an déi eng oder aner Anekdot dozou.
De Billy Hart, de Red Garland an d’Shanghai Suite 10.04.2025 - 20h00 De Red Garland ass ee vun deene wichtegsten Jazzpianisten aus den 1950er an 1960er an huet vill zum typesche Stil aus der Bebop- a Post-Bop-Ära bäigedroen.
De Festival Jazzorwhatever? zu Wolz an den Ambrose Akinmusire 03.04.2025 - 20h00 Dëse Weekend am Brandbau/Prabbeli zu Wolz: e jonke, frësche Festival, deen Jazz mat verschiddenste Backgrounds an a ganz ville Klangfacette promouvéiert.
Arbenz feat. Ron Carter, de Wynton Kelly Trio mam Wes Montgomery an den Trio Grande 20.03.2025 - 20h00 De Schwäizer Arbenz-Zwillinge Michael a Florian hiren neien Trio-Album featured d'Kontrabass-Legend Ron Carter. Historesch Kollaboratioun mat "Smokin' at the Half Note", an 2. Release vun Urban Myth: “Trio Grande”
Wayne Shorter - Joel Frahm - Elliot Galvin 13.03.2025 - 20h00 Ë. a. mam Wayne Shorter sengem Klassiker “JuJu”, engem relativ neien Album vum Saxofon-Zauberer Joel Frahm mat sengem Trio an den Elliot Galvin mat enger super Mëschung tëschent Elektronik an Akustik ...
Miles Davis - My Olympus - Kurt Rosenwinkel 27.02.2025 - 22h00 Eng ganz faarweg Genuddels a Gejiips mat ë. a. dem Eyolf Dale mat Orchester, dem Miles Davis säi Klassiker “Dig” vun 1956 mam Sonny Rollins.