Mam Victor Provost ass e spezielle Gaascht am Interview aus de Vereenegte Staaten zougeschalt. Hien ass gebierteg vu St. John, enger vun de Virgin Islands, an ass mat de Kläng, Rhythmen an Instrumenter aus der Karibik opgewuess. Do huet hien och seng Bestëmmung fonnt an de Steel Pans, oder och nach Steel Drums, en Instrument, dat am Jazz éischter sielen ass. Hien huet wärend sengem Schafen ee ganz perséinleche Sound a Phrasé entwéckelt a kennt d'Jazz-Traditioun grad esou gutt wéi d'musekalesch Geschicht vun den Inselen an interesséiert sech am Moment och speziell fir déi amerikanesch Folkmusek am wäitste Sënn. Hien erzielt dem Pol Belardi am Interview iwwer säi Parcours a stellt gläichzäiteg déi wonnerbar nei Plack "Island to Island" vir, déi a Kollaboratioun mam Pianist Alex Brown produzéiert gouf.
Playlist:
1. Victor Provost + Alex Brown - Baiao para Carmelia
2. Victor Provost + Alex Brown - Mazuk Mwen
3. Victor Provost + Alex Brown - Pinwheel
4. Victor Provost + Alex Brown - Victor's Tune