Et geet nawell méi dacks rieds vum Club of 27, ikonesch Rock- a Popmuseker, déi an deem ikoneschen Alter gestuerwe sinn. Mee och de Liewensstil vun Jazzmuseker (besonnesch am Ufank vun deem Genre an zur Bebop-Zäit) war bekannt dofir en héije Präis ze bezuelen, wat d'Gesondheet ugeet. De stännege Leeschtungsdrock, den Hang zu schiedleche Substanzen an déi ongesond Aarbechtszäite si wuel Haaptfakteuren heifir. Och wann et Ausname gi vu Museker.innen, déi et bis 80, 90 oder souguer 100 Joer packen, esou kuckt de Pol Belardi hei op déi, déi schonn an hiren 20er oder 30er d'Bün fir ëmmer verlooss hunn a gedenken hinne mat hirer Musek.
Playlist:
01. Austin Peralta 22 - Capricornus
02. Scott LaFaro 25 - Jade Visions (Bill Evans Trio)
03. Clifford Brown 25 - Daahoud
04. Charlie Christian 25 - Swing to Bop
05. Fats Navarro 26 - Boperation (McGhee Navarro - Boptet)
06. Bix Beiderbecke 28 - Riverboat Shuffle (Frankie Trumbauer Orchestra)
07. Lee Morgan 33 - Ceora
08. Paul Chambers 33 - Sneakin' Around
09. Chick Webb 34 - A-Tisket A-Tasket
10. Charlie Parker 34 - Summertime
11. Jaco Pastorius 35 - Three Views of a Secret
12. John Coltrane 40 - After the Rain