Haut maache mir d'Fënster op e Land, dat et haut net méi gëtt: d'Däitsch Demokratesch Republik, kuerz DDR. Vun 1949 bis 1990 war d'DDR e sozialistesche Staat am Oste vun Däitschland, getrennt vun der Bundesrepublik am Westen. Fir bal 41 Joer war d'Liewe vun de Mënschen do vun engem anere politesche System gepräägt. D'Berliner Mauer gouf zum Symbol vun enger gedeelter Natioun an enger Welt, déi duerch de Kale Krich auserneegerappt war. 1989 ass d'Mauer gefall, an den 3. Oktober 1990 gouf Däitschland nees vereenegt. Mee wat geschitt mat enger Kultur, mat Erënnerungen an Identitéit, wann de Staat, an deem een opgewuess ass, op eemol net méi existéiert? Wéi war den Alldag an der DDR? Wat huet d'Mënsche gepräägt? A wéi kucken si haut, Joerzéngte méi spéit, op déi Zäit zeréck? De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Friedemann Zippel, dem Peter Marcus an dem Ullrich Knolle.
Musek:
Silly - S.O.S.
Pionierlieder - Mein Bruder ist Soldat