Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt. Fälschlecherweis ass dëst Land a villen Schoulbicher nach als Wäissrussland bezeechent ginn. Belarus gëtt och oft als déi leschten Diktatur an Europa bezeechent. D’Land besteet zu 40% aus Bëscher an do lieft ënner anerem dat gréisste Mamendéier an Europa, nämlech den europäesche Bison. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Katja, der Margarita Kuzmina an dem Michel Kucherov.
arrow_back_ios
Fënster Op
Belarus
Lauschteren
play_arrow
v.l.n.r. Katja, Margarita Kuzmina, Michel Kucherov, Volha Pashkevich (Foto: Cédric Reichel)
headphones
49 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cédric Reichel
Episoden
Belarus
Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt.
Ukrain
D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen.
Lettland
Lettland läit am Nordoste vun Europa, tëscht Estland a Litauen, un der Ostsee, an ass ee vun de baltesche Länner. D’Haaptstad Riga ass déi gréisst Stad am Baltikum.
Uganda
Uganda läit an Ostafrika a grenzt am Norden un de Südsudan, am Osten u Kenia, am Süden un Tansania, am Südwesten u Ruanda an am Westen u d’Demokratesch Republik Kongo.
Kapverden
D’ Kapverden sinn eng fréier portugisesch Kolonie a bestinn aus zéng Inselen. Aus de Kapverden kënnt och eng vun de gréissten net-europäesche Communautéiten zu Lëtzebuerg.
Zentralafrikanesch Republik
D'Zentralafrikanesch Republik läit zimmlech genau am geografeschen Zentrum vum afrikanesche Kontinent. Des Republik ass 1958 onofhängeg vu Frankräich ginn.
Libanon
De Libanon läit am Noen Osten, an huet ee vun de markantste Fändelen iwwerhaapt: e gréngen Zedernbam op engem rout-wäiss-gesträifte Fong.
Peru
De Peru läit op der Westküst vu Südamerika, a grenzt am Norden un den Ecuador a Kolumbien, am Osten u Brasilien, am Südosten u Bolivien an am Süden u Chile.
Südafrika
Südafrika läit un der Südspëtzt vum afrikanesche Kontinent an zielt als eenzegt afrikanescht Land zu de G20 a gehéiert och zu de BRICS-Staaten. Iwwer 60 Millioune Mënsche liewen do
Kirgistan
Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst.
Australien
Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt.
Feierdag-Spezial 2
Wéi gëtt an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert? Mir hunn nees nogefrot.
Uruguay
Uruguay ass e Land mat 3,5 Milliounen Awunner:innen dat tëschent Brasilien an Argentinie läit an als stabil Demokratie an der Regioun gellt.
Dominikanesch Republik
D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert.
Demokratesch Republik Kongo - 2
Eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen.
Demokratesch Republik Kongo
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht.
Schottland
E Land voller Geschicht an Traditiounen: Et geet ëm den Duddelsak, de Schotterack, de Whiskey an d’Monster vu Loch Ness.
Finnland
D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. An iwwer all dat geet Rieds.
Burkina Faso
Zanter 90er Joren ass Lëtzebuerg en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der HaaptstadOuagadougou.