D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko, dat sech iwwer méi wéi 4000 Kilometer vun der Ost- bis un d’Westküst zitt – mat legendäre Stroossen wéi der Route 66.
D’USA hunn eis all iergendwéi gepräägt: duerch Musek, Film, Sportsspektakeler wéi de Super Bowl oder d’Oscars, an och duerch eng Iesskultur, déi weltwäit verbreet ass. Eng Natioun, déi aus ville Kulturen zesummegesat ass – „E pluribus unum“.
De Cédric Reichel am Gespréich mam Benny Brown, der Jennifer Crisman an der Jennifer Cooper.