Estland läit un der Ostsäit vum Baltesche Mier a grenzt u Lettland a Russland, wärend Finnland nëmmen eng 80 Kilometer iwwer de Golf vu Finnland ewech läit. D'Land mat ronn 1,36 Milliounen Awunner ass bekannt fir déi mëttelalterlech Alstad vun Tallinn, seng grouss Bëscher, Dausende vun Inselen an eng enk Verbindung mat der Natur. D'estnesch Sprooch ass mam Finnesche verwannt, an Estland gëllt als Pionéierland an der Digitaliséierung, mat Onlinewalen zanter 2005. Och d'Kultur spillt eng wichteg Roll: Dat traditionellt Lidd- an Danzfest bréngt Dausende vu Mënschen zesummen a symboliséiert d'national Identitéit. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Tina Laan Dondelinger, dem Tanel Saare an der Ave Cleesen Schmidt.
Musek:
Duo Ruut - Tuule Sõnad
nublu feat. TIEF CITY 44 – lainte laul
SADU – Igavene