D’Republik Serbie gëtt et an dëser Form zënter 2006. Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit. D’Land huet eng räich Geschicht a Kultur, déi vu verschiddenen Zivilisatiounen an der serbesch-orthodoxer Traditioun gepräägt goufen. Traditioune wéi d’Slava, den traditionelle Kolo-Danz an eng Kiche mat Spezialitéite wéi Ćevapčići, Pljeskavica a Rakija gehéieren zum kulturelle Patrimoine. Mee Serbien huet och eng schwiereg Vergaangenheet: d’Jugoslawiekricher an den 1990er Joren, de Kosovo-Konflikt an d’NATO-Bombardementer vun 1999 hunn déif Spueren hannerlooss. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Jovan Fodor, der Marija Bjeković-Obradović an der Marija Petrović.
arrow_back_ios
Fënster Op
Serbien
Lauschteren
play_arrow
v.l.n.r. Marija Bjeković-Obradović, Jovan Fodor, Marija Petrović (Foto: Cédric Reichel)
headphones
53 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cédric Reichel
Episoden
Serbien
Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit.
Aruba
Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam.
Mauritius
Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit.
Mexiko - 2
Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt.
Montserrat
Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe.
Trinidad an Tobago
Et geet an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner:innen.
Senegal
De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land.
Nationalfeierdag-Spezial 2
Wéi eng Deeg gi grouss an anere Länner gefeiert?
Albanien
Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland.
Kuba
Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek.
Bulgarien
Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei.
Ecuador
Haut entdecke mir e klengt, mee immens villsäitegt Land a Südamerika.
D’Vereenegt Staate vun Amerika
D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko.
Nordmazedonien
Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt.
Portugal
Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora.
Russland
Zenter dem 24. Februar an der Invasioun op d’Ukrain ass Russland definitiv e Land ginn, an deem och vill Landsleit net méi kënnen a wëlle liewen.
Paraguay
Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien.
Belarus
Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt.
Ukrain
D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen.