Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit. Hei treffen afrikanesch, indesch, europäesch a chineesesch Aflëss openeen. Dat spigelt sech an de Sproochen, an de Reliounen, an der Musek – a virun allem och an der Kichen erëm.
D’Insel war hollännesch, franséisch a brittesch Kolonie. Zenter 1968 ass Mauritius eng onofhängeg Republik.
De Cédric Reichel am Gespréich mat der Raginee Poloogadoo, Vianee Bastalingum an de Johel Blanchard.