arrow_back_ios

Fënster Op

100komma7.lu / Fënster Op

/ Demokratesch Republik Kongo - 2

Demokratesch Republik Kongo - 2

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

50 min

Et gëtt dës Kéier eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen.

Et geet och dës Kéier nees ëm d’Demokratesch Republik Kongo. E Land, dat zu méi wéi 60 Prozent mat tropeschem Reebësch bedeckt ass, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Dem Cédric Reichel seng Invitéen: Emmanuel Kibanzala, Philippe Akele, a Shimen Zouzoua

Episoden

Kapverden | © Jailza Dos Santos, Marlee Dos Reis an Helder Da Graça | Foto: Cedric Reichel

Kapverden

D’ Kapverden sinn eng fréier portugisesch Kolonie a bestinn aus zéng Inselen. Aus de Kapverden kënnt och eng vun de gréissten net-europäesche Communautéiten zu Lëtzebuerg.
headphones

54 min

play_arrow
Zentralafrikanesch Republik | © 100,7

Zentralafrikanesch Republik

D'Zentralafrikanesch Republik läit zimmlech genau am geografeschen Zentrum vum afrikanesche Kontinent. Des Republik ass 1958 onofhängeg vu Frankräich ginn.
headphones

50 min

play_arrow
Libanon | © v.l.n.r. Hadi Deaibes an Toni Mattar | © Cedric Reichel

Libanon

De Libanon läit am Noen Osten, an huet ee vun de markantste Fändelen iwwerhaapt: e gréngen Zedernbam op engem rout-wäiss-gesträifte Fong.
headphones

48 min

play_arrow
Peru | © Carmen Benavente, Claudia Benavente an Francisco Benavente (Foto: Cedric Reichel)

Peru

De Peru läit op der Westküst vu Südamerika, a grenzt am Norden un den Ecuador a Kolumbien, am Osten u Brasilien, am Südosten u Bolivien an am Süden u Chile.
headphones

51 min

play_arrow
Südafrika | © Cédric Reichel

Südafrika

Südafrika läit un der Südspëtzt vum afrikanesche Kontinent an zielt als eenzegt afrikanescht Land zu de G20 a gehéiert och zu de BRICS-Staaten. Iwwer 60 Millioune Mënsche liewen do
headphones

51 min

play_arrow
Kirgistan | © Cédric Reichel

Kirgistan

Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst.
headphones

55 min

play_arrow
Australien

Australien

Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt.
headphones

50 min

play_arrow

Feierdag-Spezial 2

Wéi gëtt an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert? Mir hunn nees nogefrot.
headphones

42 min

play_arrow
Uruguay | © Cédric Reichel

Uruguay

Uruguay ass e Land mat 3,5 Milliounen Awunner:innen dat tëschent Brasilien an Argentinie läit an als stabil Demokratie an der Regioun gellt.
headphones

51 min

play_arrow
Dominikanesch Republik

Dominikanesch Republik

D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert.
headphones

49 min

play_arrow
Demokratesch Republik Kongo - 2 | © Cédric Reichel

Demokratesch Republik Kongo - 2

Eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen.
headphones

50 min

play_arrow
Demokratesch Republik Kongo

Demokratesch Republik Kongo

Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht.
headphones

51 min

play_arrow
Schottland

Schottland

E Land voller Geschicht an Traditiounen: Et geet ëm den Duddelsak, de Schotterack, de Whiskey an d’Monster vu Loch Ness.
headphones

49 min

play_arrow
Finnland

Finnland

D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. An iwwer all dat geet Rieds.
headphones

48 min

play_arrow
Burkina Faso | © Cédric Reichel

Burkina Faso

Zanter 90er Joren ass Lëtzebuerg en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der HaaptstadOuagadougou.
headphones

51 min

play_arrow
Montenegro

Montenegro

E Land an dem ongeféier esou vill Mënsche liewe wéi zu Lëtzebuerg. Déi montenegrinesch Communautéit hei am Grand-Duché ëmfaasst Schätzungen no tëschent 10.000 a 15.000 Leit.
headphones

43 min

play_arrow
Georgien

Georgien

3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land, an deem scho virun 8.000 Joer Wäin hiergestallt gouf.
headphones

51 min

play_arrow
Venezuela

Venezuela

An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss.
headphones

50 min

play_arrow
Bolivien | © Cedric Reichel

Bolivien

Bolivie läit an der Mëtt vum südamerikanesche Kontinent. Bekannt si sécher de Regierungssëtz La Paz, den Titicacaséi oder nach de Salar de Uyuni, dee gréisste Salzséi op der Welt.
headphones

55 min

play_arrow
Schweden

Schweden

D’Land vun den Elchen, engem ganz bekannte Miwwelgeschäft an och nach Abba.
headphones

57 min

play_arrow