Ungarn huet 10 Milliounen Awunner:innen a läit a Mëtteleuropa. Et ass e Binnestaat an huet Grenze mat am Ganze siwen anere Länner: der Slowakei, der Ukrain, Rumänien, Serbien, Kroatien, Slowenien an Éisträich. Ungaresch gëllt als eng vun de schwéierste Sprooche, fir se ze leieren. D’Haaptstad Budapest ass duerch dee längsten europäesche Floss, d’Donau, an Zwee gedeelt. An iwwer déi ungaresch Kiche gëtt an dëser Sendung och vill geschwat.
De Cédric Reichel huet mat der Judit Nagy, der Julia Nagy an dem Gergő Kovács geschwat.