arrow_back_ios
Fënster Op
Tunesien
headphones
42 min
Lauschteren
play_arrow
Tunesien ass deen éischte Maghreb-Staat, dee mir an eiser Serie Fënster op thematiséieren. E Land, dat méi ze bidden huet wéi seng gréissten Insel Djerba, zum Beispill en interessante Sproochemix oder och vill gutt Iessen. De Cédric Reichel huet mat der Sarra Maatallah, der Inès Chihi an dem Nizar Ayed geschwat.
Episoden
Tunesien
Tunesien huet 12 Milliounen Awunner, ass esou grouss wéi Éisträich an no senger Haaptstad Tunis benannt.
Malta
E Land, dat Lëtzebuerg a ville Saachen änlech ass.
Pakistan
Dat fënneft bevëlkerungsräichste Land op der Welt mat der zweetgréisster muslimescher Bevëlkerung. E Land dat a ville Beräicher eng grouss Diversitéit bitt.
Slowenien
A Land dat bekannt fir seng Bierger an d’Ski fueren ass, an deementspriechend och zu enger ëmmer méi reegelméisseger Vakanzendestinatioun gëtt.
Kenia
Dat ostafrikanescht Land huet 52 Milliounen Awunner an huet eng grouss Barbecue-Kultur.
Feierdag-Spezial
Wéi gëtt an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert? Mir hunn nogefrot.
Schwäiz
E Land mat deem Lëtzebuerg gäre verwiesselt gëtt. An et ginn och eng Partie Parallellen.
Neuseeland
D'Land, an deem et méi Schof wéi Mënsche gëtt, huet extreem vill ze bidden.
Litauen
Déi litauesch Communautéit huet sech zu Lëtzebuerg exponentiell vergréissert an de leschte Joren.
Kasachstan
Dat néngtgréisste Land op der Welt an dat gréisste Land ouni direkten Zougang zum Mier.
Kanada
E Land, dat duerch Méisproochegkeet gepräägt ass. Mee wéi sinn dës Communautéite matenee verbonnen? A wéi geet et Kanadier:innen, déi hei zu Lëtzebuerg liewen?
Island
Dat am dënnste besidelt Land an Europa, dat fir seng Schof an Elfe bekannt ass.
Argentinien
D’Land vum Messi, Maradona an dem aktuelle Poopst. Mee wéi liewen Argentinier:innen hei zu Lëtzebuerg?
Syrien
Bal 3.700 gebierteg Syrer a Syrerinne liewen hei amLand. Wéi ginn si mat der politescher Instabilitéit an hirem Land ëm?
Polen
E Land bei deem ee gäre mol u Wodka denkt. Mee stëmmt dat Virurteel nach?
Indien
Indien ass e Land mat enger facettëräicher Kultur, déi een net op Yoga reduzéiere kann
Brasilien
Eent vun de gréisste Länner op der Welt. Mee wéi liewe Brasilianer:innen hei zu Lëtzebuerg?
Spuenien
Et ass zanter Joren eng vun de beléiftste Vakanzendestinatioune fir Lëtzebuerger. Am Grand-Duché liewen och iwwer 9.000 Mënsche mat spueneschen Originnen.
- 1
- 2