Europa Aktuell
/ Iratxe Garcia Perez: “EVP muss verstoen, datt mir eng pro-europäesch Majoritéit hunn”
Iratxe Garcia Perez: “EVP muss verstoen, datt mir eng pro-europäesch Majoritéit hunn”
5 min
De Lëtzebuerger LSAP-Politiker Nicolas Schmit huet et bekanntlech net méi bis an déi nei Kommissioun gepackt. Dofir hate sech déi Europäesch Sozialiste ganz ferm agesat. Si wollten onbedéngt, datt hire Spëtzekandidat bei den Europawalen ee Posten an där neier Ekipp vun der Ursula von der Leyen géif kréien. Mee dat war net déi eenzeg rout Linn vun de Sozialisten, déi um Enn net respektéiert gouf.
Op sengem leschte Schaffdag als EU-Kommissär hat den Nicolas Schmit Enn November hei op eiser Antenn een negative Bilan gezunn. Wéi eng Konsequenzen zitt d’Fraktioun vun de Sozialisten am Europaparlament aus deem negative Bilan? Journaliste vum Reseau Euranet Plus haten d’Geleeënheet hir Cheffin d’Iratxe Garcia Perez ze froen, wat hire Plang ass, fir d’Rudder erëmzerappen.
Presentéiert vum
- Daniele Weber