D‘Chute vum Assad-Regimm a Syrien huet an Däitschland gréisser Diskussiounen ausgeléist: Nämlech doriwwer, op Syrer, déi virum Biergerkrich an Däitschland geflücht sinn, elo nees sollten zeréck an hiert Heemechtsland goen. Déisäits der Musel liewe knapp eng Millioun Syrer, eleng am Joer 2015 waren iwwer 300.000 Syrer an Däitschland ukomm.
Wat bedeiten déi aktuell Evenementer fir déi syresch Mënschen an Däitschland? Erklärunge vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch