Europa Aktuell
"De Poste vum Vizepresident gëtt iwwerschat"
5 min
E Mëttwoch huet d’Europaparlament déi nei EU-Kommissioun guttgeheescht - an domat gréng Luucht fir déi nei EU-Kommissäre ginn. Een dovun ass de Christophe Hansen, dee bekanntlech de Portefeuille vun der Landwirtschaft an de Liewensmëttel iwwerhëlt.
De Vott war méi knapps wéi erwaart - d’Ursula von der Leyen krut net de Support vun där ganzer pro-europäescher Koalitioun aus Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen.
Wéi kuckt deen neie Lëtzebuerger EU-Kommissär op dee Vott an och dorop, datt hien ausgerechent deem ëmstriddenen EU-Kommissär fir d’Kohäsioun - den Italieener Raffaele Fitto - ënnerstallt ass?
D’Danièle Weber huet zu Stroossbuerg mam Christophe Hansen geschwat.
Presentéiert vum
- Daniele Weber