De Maxime Bender stellt säin néngte Solo-Album als Leader vir. “Infinity of Sound“. Dëse Live-Album, deen an der Philharmonie am Joer 2022 opgeholl gouf, ass vill méi wéi nëmmen en einfache musikalesche Rendez-vous, et ass en artistesche Manifest, bei deem d’Exzellenz an och d’Traditioun vum europäeschen Jazz op brillant Manéier zum Ausdrock kommen.
arrow_back_ios
Een zwee Jazz
Maxime Bender - Infinity of Sound
Lauschteren
play_arrow
headphones
60 min
Episoden
Presentatioun vum Echter'Jazz Festival
Enn Februar gëtt Iechternach nees zum Zentrum vun der internationaler Jazzzeen. Vum 26. bis den 28. Februar 2026 ass am Trifolion den Echter’Jazz Festival.
Interview mam Danny Epstein vum Centre Culturel opderschmelz
De Booker vum Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng stellt den Jazz-Programm vu Januar bis Mee vir.
"Men of Average Nature“
Jambal an de Kenai Shogun stellen hire gemeinsamen neien Album vir.
3 nei Releasen aus Lëtzebuerg
D'Chantal Kirsch stellt hire Projet MAYA vir, d'Maria Rojas an de Pit Romersa presentéieren hire Blue Sunday Trio an déi nei Single vun der Band Maya Likembe.
WDR Big Band conducted by Mike Holober feat. Chris Potter
De 5. Juli an der Kölner Philharmonie huet de Mike Holober d'WDR Big Band fir ee spezielle Concert geleet. Invité war nämlech keen anere wéi de Chris Potter, Tenor-Sax-Gigant.
E räife Klang tëschent Energie a Sensibilitéit
Am Interview: de Gitarrist a Komponist Gilles Grethen
Een Zwee Jazz
En Interview mam Danny Epstein, de neie Booker vum Centre Culturel Opderschmelz.
Am Gespréich: Mathieu Clement
Mat nëmmen 23 Joer huet de lëtzebuergesche Batteur, Komponist an Arrangeur scho säin drëtten Album als Leader erausbruecht: “Ruma“, den Nofollger vu “Coming Home“.
Nei Musek vun der Naïssam Jalal a Marshall Allen an e Klassiker vum Duke
Déi franséisch-syresch Flüttistin a Komponistin presentéiert mat “Souffles“ en neien Opus a stäerkt domat hir ëmmer méi grouss Bedeitung an der europäescher Jazzwelt.