arrow_back_ios

E puer Wierder iwwer Wierder

Pippi

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mir do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mir och doriwwer, wéi mir zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.


S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!

C: Moien alleguer, moie Simon.

S: Wat hues de eis haut fir e Wiwi-Wuert matbruecht?

C: Haut schwätze mer iwwer Pippi an d'Verb pissen.

S: O, dat Wuert ass awer ... speziell.

C: Jo, ech weess, ech weess, an et geet mer och haut genee do drëm ze soen, firwat dat Wuert vläicht besonnesch speziell ass, wou et hierkënnt, a firwat am Fong Pippi eng spilleresch Aart a Weis ass, fir doriwwer ze schwätzen. Well Pippi ass eng Silbeverdueblung aus dem Verb 'pissen'. An ech wollt d'Episod awer net esou nennen. Wann s de eng Kéier kucks: a bal alle Sproochen, déi mer ronderëm eis hunn, gëtt et dat Wuert an enger änlecher Form: piss, pisser, pissen. An dat geet alles zréck op Vulgärlatäin 'pissiare'.

S: Wat genee ass mat Vulgärlatäin gemengt?

C: A jo. Dat ass en interessanten Term, kleng Klamer op dëser Plaz: Vulgus heescht am Fong just "Vollek" op Latäin an dat war déi geschwaten Alldagssprooch, am Géigesaz zum méi formelle Schrëftlatäin. Vulgärlatäin ass fir eis lo éierlech gesot keen optimalen Term, well do 'vulgär' dra virkënnt. An am Franséischen, do soen se einfach "latin populaire".

S: Pop-Latäin oder Populärlatäin - dat wieren dach cool Begrëffer.

C: Dat fannen ech och! Egal wéi ass et also e Wuert, wat d'Réimer fréier am Alldag benotzt hunn: pissiare. An dat ass och scho ganz laang esou benotzt ginn. A well s de jo bei Kanner dat Wuert Pippi hues, ass dat am Fong eng kuerz Form, dass ee seet Pi. A fir et kannersproochlech méi flott ze maachen, ass et reduplizéiert, eng Reduplikatioun: Pi-Pi. Awer et ass kee Verb draus gemaach ginn. Hätt jo theoretesch och kënne soen: pippien. An ech ka mer gutt virstellen, dass bestëmmt verschidde Leit esou soen, wa se mat hire Kanner oder mat de Muppe schwätzen.

S: Mat Muppen?

C: Ma du hues jo effektiv Lienen tëscht Kannersprooch a Sprooch, déi ee mat sengen Hausdéiere benotzt. Mer këmmeren eis jo och mat vill Häerz ëm eis Déieren. An do kucke mer och, ob se brav gepippit hunn. A bei Pippi huet ee wéi gesot eng spilleresch Aart a Weis fir dat ursprénglecht Verb pissiare, wou och den Zischlaut ewechgeholl gëtt.

S: Den Zischlaut, mengs de den S?

C: Jo, genee. Also den S, dee wéi eng Schlaang mécht (ssss), deen ass den Zischlaut. An deen ass et och, firwat dat Wuert anscheinend entstanen ass, well deen Zischlaut do dranner ass lautmoleresch, fir d'Geräisch vum pissssssssse quasi nozemaachen.

S: Mee Pissen ass jo awer elo wierklech kee schéint Wuert.

C: Jo, mee wéi sees du da fir déi Tätegkeet, déi mer all e puer Mol am Dag maachen?

S: ____

C: Jo, dat ass interessant, well du bass entweeder bei eppes, wat relativ graff ass oder eppes, wat relativ kannereg ass. An dat ass ganz oft sou, wa mer a Beräicher kommen, déi iergendwéi mat Tabuthemen oder mat Kierperflëssegkeeten ze dinn hunn, déi eis awer alleguer betreffen. An, a weess de, wat en Euphemismus ass?

S: Jo, dat ass, wann een eppes méi schéin ausdréckt.

C: Jo, genee. A bei den Euphemisme fir Pippi maachen, do hu mer da ganz vill ... Et feelt e bëssen en neutraalt Alldagswuert. A wa mer kucken, wat d'Leit dofir soen, da fanne mer extreem vill Beispiller, déi am Fong dorop ofzielen, dass een anzwousch higeet: op d'Toilette goen, anzwousch higoen, austrieden, gläich erëm sinn asw.

S: Wat ganz interessant ass, lo, wou s de et sees ...

C: Dat heescht, et si ganz harmlos Aart a Weisen, fir iwwert déi kierperlech Tätegkeet ze schwätzen, et ass haaptsächlech domat verbonnen, dass mer op eng bestëmmte Plaz ginn. Ne, du verbënns dat am Fong mat enger geziilter Plaz an du sees net, dat geschitt el. Et geet awer selten drëm, dass mer grad eng Flëssegkeet wëlle lassginn. Kenns de e puer witzeg Spréch, déi d'Leit soen, wann se Pippi mussen?

S: ____

C: Oder, ech weess, am Däitschen, also do kënnen d'Leit jo och immens spilleresch ginn an immens kreativ. Ne, am Däitsch kanns de jo soen, "Ich gehe die Porzelanausstellung besichtigen". Fannen ech super cool. Dat ass wierklech ee vu menge Favorites. A wann ee lo beim Dokter ass, mir hate lo scho mat esou méi medezinnesche Saachen, do seet ee jo dann urinéieren, mee mer kënnen och Waasser loossen soen.

S: Do si mer awer lo wierklech an enger ganz medezinnescher Schinn.

C: Eeben, well du géifs jo ni, wann s de um Dësch bass, soen, sou, ech ginn lo nach Waasser loossen. Mee och Waasser ass natierlech hei eng Ëmschreiwung fir dat, wat et wierklech ass, eebe Pippi. Och intressant, dass d'Pippi Langstrumpf mat deem Virnumm konnt Karriär maachen ...

S: Doriwwer hunn ech nach ni nogeduecht.

C: Et ass och komplett random. Wat ech awer och muss soen, e klengen Orthographie-Tipp nach um Enn, dat Wuert Pippi ass jo eng Reduplikatioun vun der P-I-Silb, awer wéinst de lëtzebuergeschen Orthografiereegele musse mer dat am Fong mat zwee P an der Mëtt schreiwen P-I-P-P-I. An nach eng kleng Nohaltegkeetsinfo: eng Toilettëspülung verbraucht 4-6 Liter Waasser, eeler Modeller souguer bis zu 10. Dat ass ganz schéi vill Drénkwaasser, wat do verspullt gëtt fir grouss a kleng Geschäfter.

S: A jo, dat klengt Geschäft - dat gëtt et och nach! Mee mir maachen de Buttek haut zou a soen der merci, Caroline, fir deng Erklärunge vun haut a freeën eis op d'nächst Kéier!

C: Ech freeë mech och! Merci! A mäi Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Pippi

Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mIr do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mIr och doriwwer, wéi mer zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen.
headphones

6 min

play_arrow

Avocado

Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado!
headphones

6 min

play_arrow

Tomat

Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
headphones

6 min

play_arrow

Haupi / Häipi

Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mir kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet.
headphones

6 min

play_arrow

verspellegt

Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel.
headphones

6 min

play_arrow

jauschtereg

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
headphones

7 min

play_arrow

Fuemeschnéck

Dës Kéier geet et ëm de Fuemeschnéck. Et gëtt erkläert, wat dat Wuert bedeit a firwat esou Wierder wonnerbar sinn, fir mat engem Trick lëtzebuergesch Schreifreegelen ze léieren.
headphones

7 min

play_arrow

rëffeg

Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen <ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter 2/2

Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter.
headphones

6 min

play_arrow

Menger Schwëster hir Duechter - 1/2

Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen.
headphones

7 min

play_arrow

Mupp

Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn.
headphones

7 min

play_arrow

Neijoerschdag

Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mir ginn der Fro no vum "sch".
headphones

6 min

play_arrow

Haupeschbléiser

Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 2/2

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
headphones

6 min

play_arrow

Hittchen 1/2

Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen.
headphones

6 min

play_arrow

muusseg

Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder.
headphones

6 min

play_arrow

Hammbier

Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet.
headphones

7 min

play_arrow

Äerdbier

Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
headphones

6 min

play_arrow

Fixfeier

Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen.
headphones

5 min

play_arrow

déi

Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch.
headphones

6 min

play_arrow