Gebuer den 18. Abrëll 1923, huet sech déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany. Wärend dem Zweete Weltkrich aktiv an der kommunistescher Resistenz, huet si nom Krich ugefaange mat schreiwen, hat iwwer ganz laang Joren eng deeglech Rubrik an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, huet zwee Bicher erausbruecht wéi och Kuerzgeschichten an auslänneschen Zeitunge publizéiert. D‘Yvonne Frisch-Urbany ass 2013 am Alter vun 90 Joer verstuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min