Gebuer den 11. Abrëll 1811 zu Miersch, huet den Emmanuel Servais nom Secondaire am Stater Kolléisch zu Gent, Paräis a Léck Droit studéiert a sech 1833 zu Arel als Affekot etabléiert. No enger aktiver Roll bei der belscher Revolutioun koum hien 1839 zeréck an d‘Land, war politesch ganz aktiv, esou z. B. Member a President vum Staatsrot, Staatsminister a President vun der Regierung a vun der Chamber, wéi och Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft sengem politeschen Engagement war den Emmanuel Servais och als Auteur aktiv. Hien ass de 17. Juni 1890 am Alter vun 79 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.