Gebuer de 7. Mäerz 1950 zu Klierf war hie politesch an der CSV engagéiert, war Regierungsconseiller am Familljeministère, gouf 2009 an d‘Chamber gewielt a war och ë. a. President vun der ASBL Omega 90. Vu Beruff war de Mill Majerus Sexolog, huet Bicher iwwer Léift a Sex fir Jugendlecher publizéiert an huet zesumme mat senger Fra d‘Hotline vun der kathoulescher Kierch fir d‘Affer vu sexueller, physescher oder psychescher Gewalt koordinéiert. De Mill Majerus huet säi Liewen den 1. Abrëll 2011 bei engem Autosaccident verluer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 76 Joer koum de Mill Majerus op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.