Dat éischt transatlantesch Morsezeechen ouni Kabel 12.12.2025 - 16h40 Den 12. Dezember 1901 soll op der kanadescher Ostküst datéischt transatlantesch Morsezeechen ouni Kabel ukomm sinn. Mee scho kuerz donogouf et Zweiwel dorunner.
Virun 20 Joer stierft de Charly Gaul 06.12.2025 - 07h15 Lëtzebuerger Cyclist, Gewënner vum Tour de France an dem Giro d'Italia
D'Ukrain wielt deen éischten President 05.12.2025 - 16h40 Nom Zerfall vun der Sowjetunioun gëtt de Leonid Krawtschuk de 5. Dezember 1991 deen éischte President vun der Ukrain.
Virun 195 Joer koum den Nicolas Steffen-Pierret op d'Welt 29.11.2025 - 07h15 De Lëtzebuerger Auteur gëllt als Pionéier vun den Novellen an eiser Sprooch.
Fligeraccident a Kolumbien 28.11.2025 - 16h40 Den 8. November 2016 koum et zu engem Fligerongléck, bei deem quasi déi ganz Profiekipp vum brasilianesche Fussballveräi Chapecoense gestuerwen ass.
Viru 95 Joer koum de Vic Nurenberg op d'Welt 22.11.2025 - 07h15 Lëtzebuerger internationale Fussballspiller
De Récktrëtt vum Robert Mugabe 21.11.2025 - 16h40 Den 21. November virun 8 Joer ass am Simbabwe de Robert Mugabe zréck getrueden, eng vun de wichtegsten, awer och kontroverste politesche Figuren aus dem modernen Afrika.
Virun 31 Joer stierft de Fernand Wark 15.11.2025 - 07h15 Den 1. September 1916 gebuer war de Fernand Wark, vu Beruff Bäcker a Reesender, de Lëtzebuerger bekannt als Komiker, haut géif ee vu Stand-up-Comedy schwätzen.
Ruby Bridges 14.11.2025 - 16h40 Haut (14.11.) viru 65 Joer huet dat 6 Joer aalt Meedche Ruby Bridges zivilrechtlech Geschicht geschriwwen. De Simon Larosche verzielt eis hir Geschicht.
Viru 40 Joer stierft den Nicolas Frantz 08.11.2025 - 07h15 Ee vun de ganz grousse Lëtzebuerger Vëlossportler: hien huet a senger Karriär den Tour de France zweemol gewonnen, an dat gläich hannerteneen, 1927 an 1928.
Magic Johnson 07.11.2025 - 16h40 Deen US-amerikanesche Basketballspiller huet 1991 ëffentlech bekannt ginn, datt hien HIV-Positiv ass.
De Martin Luther a seng Theesen 31.10.2025 - 16h40 Haut viru 508 Joer war den Dag, op deem de Martin Luther seng 95 Theesen un d'Kierch vu Wittenberg geschloen huet. Wat och als Ursprong vun der protestantescher Kierch gëllt.
Virun 38 Joer stierft d'Ketty Thull 25.10.2025 - 07h15 Bekannt gouf d‘Ketty Thull duerch hir Kachbicher, wouvunner si een éischt 1937 erausbruecht huet.
Den Tibet gëtt chineesesch 24.10.2025 - 16h40 Den 24. Oktober 1950 war e schwaarzen Dag fir den Tibet, deen deemools offiziell en Deel vun der Volleksrepublik China ginn ass
D'Londoner Béieriwwerschwemmung 17.10.2025 - 16h40 An enger Brauerei ass e risegt Faass geplatzt, wat eng Well vun annerhallef Millioune Liter Béier ausgeléist huet.
75 Joer Mady Delvaux-Stehres 11.10.2025 - 07h15 Zanter 1974 war si an der LSAP engagéiert, war am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, Deputéiert an der Chamber a Staatssekretärin wéi och Ministesch.
Tokyo 1964 10.10.2025 - 16h40 D'olympesch Spiller an dem Joer haten e groussen Impakt op d'Bild vu Japan an der Welt an och op d'Entwécklung vum Land.
166 Joer Feierwon 04.10.2025 - 07h15 De 4. Oktober 1859 ass vun der Stater Gare deen éischten Zuch hei am Land fortgefuer. An eng éischte Kéier d‘Lidd “De Feierwon“ virgedroen, ee Lidd vum Michel Lentz.
Italieeneschen Amarsch an Äthiopien 03.10.2025 - 16h40 Den 3. Oktober 1935 ass déi italieenesch Arméi an Äthiopien amarschéiert.