Den 3. Januar 1827 zu Waldbëlleg gebuer huet de Michel Rodange als Schoulmeeschter geschafft, war als kantonale Piqueur aktiv, huet du beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d‘Sauer matgeschafft an huet zum Schluss vu senger berufflecher Karriär d‘Schleefaarbechte vun der Festung Lëtzebuerg iwwerwaacht. De Michel Rodange ass dem Lëtzebuerger bekannt mat sengem Haaptwierk dem “Reenert oder de Fuuss am Frack an a Mannsgréisst”, eng Adaptatioun vum Goethe sengem “Reineke Fuchs” op Lëtzebuergesch. Wéinst enger Kränkt vum Mo ass de Michel Rodange 1876 am Alter vu nëmmen 49 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 199 Joer koum de Michel Rodange op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 117 Joer koum den Henri Maurice Schnadt op d'Welt
Lëtzebuerger Ingenieur
D'Eruewerung vu Konstantinopel
Den 29. Mee 1453 gëtt Konstantinopel vun den Osmanen eruewert, d'Enn vum ostréimesche Räich.
Déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby
Den 22. Mee 1987 huet déi éischt Weltmeeschterschaft am Rugby ugefaangen, ausgedroen an Australien an Neiséiland.
Virun 8 Joer ass de Camille Gira gestuerwen
Politiker vun Déi Gréng
Nylonstrëmp ginn an den USA fir en abordabele Präis ugebueden
Virdrun huet e Puer ëm déi 250 Dollar kascht. Well den Undrang esou grouss war, huet esouguer d'Police misse kommen, fir d'Situatioun ze berouegen.
Virun 78 Joer gouf d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen zougemaach
14,11 Kilometer war se laang, d'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, déi den 2. Mee 1948 zougemaach gouf.
Virun 199 Joer koum de Jean-Antoine Zinnen op d'Welt
Den Hubble-Teleskop kënnt bis an de Weltall
Dem Hubble-Teleskop hu mir ganz vill Entdeckungen ze verdanken. De 24. Abrëll 1990 gouf den Teleskop an de Weltraum geschoss.
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.