Den 8. Dezember 1932 am Pafendall gebuer, war de Charly Gaul an den 1950er Joren ee vun de beschte professionelle Cyclisten. Den Tour de France 1958, den Giro d‘Italia 1956 an 59 gewonnen, gouf hie véiermol zum Sportler vum Joer an 1999 zum Sportler vum Joerhonnert gewielt. No senger Karriär als Profi huet hie sech an d‘Ardennen zeréckgezunn, koum no 20 Joer zeréck an d‘Land an huet sech fir d‘zweet bestuet. Zwee Deeg viru sengem 73. Gebuertsdag ass de Charly Gaul de 6. Dezember 2005 an der Zitha-Klinik un enger Longenembolie gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 20 Joer stierft de Charly Gaul
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min