arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 183 Joer ass Lëtzebuerg dem Däitschen Zollverein bäigetrueden
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Den Uschloss vu Lëtzebuerg un den Däitschen Zollveräin goung ekonomeschen Iwwerleeunge viraus, huet awer net onbedéngt jidderengem gefall. Lëtzebuerg hat an deem Veräin och näischt ze soen a gouf vun Däitschland vertrueden. Nom Enn vum Éischte Weltkrich ass d‘Land offiziell ausgetrueden an huet, nodeems Frankräich ofgewonk hat, mat der Belsch d‘Union économique belgo-luxembourgeoise gegrënnt.