Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ Romantesch Téin aus der Philharmonie

Romantesch Téin aus der Philharmonie

Ënner dem Titel “Romantique avant 1850” steet dëse Concert an der Philharmonie, bei deem den Arthur Stockel, Soloklarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, zesumme mam Sträichquartett Quatuor Hanson ze héieren ass. Den Ensembel presentéiert ënner anerem e Wierk, dat och um jonke Klarinettist sengem éischten Album “Weber” ze fannen ass, deen am Januar erauskoum.


Mat um Programm ass de Klarinettequintett vum Mozart aus dem Joer 1789, dat wuel bekanntste Wierk fir dës Formatioun. De Carl Maria von Weber huet säi Klarinettequintett ronn 25 Joer méi spéit geschriwwen an hat domat och de Virdeel, datt hien op dësem grousse Virbild vun der Kammermusiksgattung opbaue konnt. Doriwwer eraus hat d’Klarinett an deene Joren nach eemol e Sprong an der technescher Entwécklung gemaach, déi de Weber voll ausgenotzt huet - an déi eng oder aner weider Erausfuerderung fir d’Solo-Klarinett mat sech bréngt.


Dir kënnt dëse Concert bis den 20. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren


Programm:

Robert Schumann - Fantasiestücke op.73 (arr. Jonathan Keren)

Wolfgang A. Mozart - Klarinettenquintett KV 581

Carl Maria von Weber - Klarinettenquintett op.34


Interpreten:

Arthur Stockel, Klarinett

Quatuor Hanson:

Anton Hanson, Gei

Jules Dessap, Gei

Gabrielle Lafait, Braatsch

Simon Dechambre, Cello

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

Kammermusek fir den Ouschterbrunch

De Quatuor de Luxembourg spillt Haydn a Grieg am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.