Radioen

On air

9 bis 1  |  Iran

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Concert aus de Schwäizer Bierger

Concert aus de Schwäizer Bierger

E Concert aus de Schwäizer Bierger? Dat ass scho besonnesch. Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Dëse Concert war an der Kierch vu Rougemont, enger Géigend am Kanton Vaud. Do spillt ee Quartett mat Flütt, Gei, Braatsch an Cello. Am Mëttelpunkt stinn zwee grouss Komponisten: de Mozart an de Beethoven.

Dëse Concert kënnt Dir bis de 15. Abrëll an der Mediathéik nolauschteren.


Programm:

Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Flüttequartett Nummer 3 an Do Majeur, K. 285b

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Serenade a Re Majeur, op.25

Wolfgang Amadeus Mozart: Flüttequartett a Re Majeur, K. 285

Wolfgang Amadeus Mozart: Tempo Di Menuetto aus dem Flüttequartett Nummer 2 a Sol Majeur, K. 285a`


Interpreten:

Emmanuel Pahud, Flütt

Anna Agafia, Gei

Paul Zientara, Braatsch

Stéphanie Huang, Cello

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Hommage un den Danz

Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.

Fir den 100. Gebuertsdag vum Pierre Boulez

De Pierre Boulez als Komponist an als Dirigent

De Ris a säin Nofollger

Ënner dem Titel “Der Riese und sein Nachfolger” presentéiert de Stater Conservatoire Pianostrioe vu Beethoven a Brahms - zwee Komponisten, déi sech zwar ni begéint sinn an awer dacks matenee verglach ginn.

Zwou Uropféierungen

D'Wierk "Bookends" vun der Catherine Kontz a "Blackness, Structures, Exteriors" vum Liam Dougherty. Op der Bün: Cathy Krier an den OCL.

Concert fir den 150. Gebuertsdag vum Ravel

Mam Orchester "Les Siècles" ënner dem Louis Langrée

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

Vum 21. Joerhonnert bis an d'Romantik

De Quatuor Agate war den 10.12.2024 Invité an der Philharmonie fir d'Serie Rising Stars

Martin Rajna in Concert

De 15. November 2024 huet deen zukünftege Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Martin Rajna, an der Philharmonie dirigéiert. Ee Concert mat romanteschem Programm an dem Solist Benjamin Kruithof.

Musique pour faire plaisir

Passend zu Fuesent, dem Saint-Saëns säi "Carnaval des Animaux" a säin zäitgenëssesche Pendant, de "Cortège des Animaux" vum Albert Guinovart

Haydn Schöpfung

Den Haydn entdeckt Barcelona

Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

Fir den 150. Anniversaire vum Gustav Holst presentéieren de Centre des Arts pluriels zu Ettelbréck an de Conservatoire du Nord eng besonnesch Produktioun vum Holst sengem gréisste Wierk “The Planets”.
headphones

108 min

play_arrow

Réckbléck Prix Anne et Françoise Groben 2024

Huelt Plaz am 100,7-Concertssall a loosst zesumme mam Lex Kauffmann d'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben 2024 Revue passéieren.

Rhythmus am Blutt

Symphonik inspiréiert vun Danz a Folklor aus Spuenien a Latäinamerika

Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

E Mix aus Beethoven, Romantik à la Brahms a Kläng aus dem 20. Joerhonnert

Maacht d’Aen zou an loosst eis dreemen ...

De Pianist Claude Weber an d’Sopranistin Gerlinde Säman sinn an déi mysteriéis Welt vum Dram getaucht a proposéieren e mageschen Nomëtteg mat verdreemte Lieder vu Komponisten a Komponistinnen.

Die Sehnsucht nach dem Süden

Stëmmung wéi an der Vakanz mat latäinamerikaneschem Flair. D'Solistes Européens, Luxembourg trieden op mat der Pepino Caliente Band.

Russesch Romantik

Musek aus zwee russeschen Balleten ganz am Sënn vun der Léift