Nieft dem Georges Bizet senge Carmen Suitten Nr. 1 an 2, déi déi tragesch Geschicht vun der Léift tëschent dem jonken Zaldot Don José an der attraktiver, selbstbewosster Carmen erzielt, sti bei dësem Concert och gefeiert Orchesterwierker wéi dem Maurice Ravel säi “Bolero” um Programm. An dësem Wierk, dat duerch d'Stilmëttel vun der Repetitioun gepräägt ass, gëtt d'Rhythmusmotiv am Ganzen 169 Mol widderholl. Do dernieft ginn et och méi modern Kläng, bei deenen de Saxofon an de Virdergrond réckelt: dat eemol mam Henri Tomasi sengem Saxophon Concerto an der franséischer Komponistin Paule Maurice hiert Wierk "Tableaux de Provence", bei deem si d'Kultur an d'Landschafte vun der südfranséischer Regioun klanglech duerstellt.
De Saxofon-Part gëtt hei vun der Asya Fateyava iwwerholl, enger Artist in Residence vum Schleswig-Holstein Musikfestival 2024. Et ass dann och de Schleswig-Holstein Festivalorchester, dee sech aus 80 jonke Museker aus aller Welt zesummesetzt, dee mam Duncan Ward als Dirigent dëse südeuropäesch ugehauchte Programm interpretéiert. Dëse Live-Matschnëtt gouf vum Norddeutschen Rundfunk am Theater zu Itzehoe opgeholl.
Programm:
Georges Bizet (1838-1875): Carmen Suite Nr. 2
Henri Tomasi (1901-1971): Saxophon Concerto
Paule Maurice (1910-1967): Tableaux de Provence
Georges Bizet (1838-1875): Carmen Suite Nr. 1
Maurice Ravel (1875-1937): Bolero
Interpreten:
Asya Fateyeva, Saxofon
Schleswig-Holstein Festivalorchester
Duncan Ward, Direktioun