Concert
Musique pour faire plaisir
D'Wierk "Carnaval des Animaux" hu mir enger Aluedung bei Kolleegen ze verdanken. Fir dëst Fest huet de Saint-Saëns säi kuriéiste Wierk geschriwwen. Aus dëser musikalescher Laun ass duerno séier e Klassiker aus dem Kammermusek-Repertoire ginn.
Dem Saint-Saëns sengem "Carnaval des Animaux" huet de katalanesche Komponist Albert Guinovert elo e Pendant mat där selwechter Besetzung géigeniwwer gestallt: "Le Cortège des Animaux". Hei stolzéiere verschidden Déierenzorten an engem Cortège laanscht, wéi zum Beispill Schlaangen, Hinger, e Karussellpäerd an esouguer en Ochs an en Iesel an enger Krëppchen.
Nieft dësen zwee Wierker sinn och nach zwee Kammermusek-Wierker vum Francis Poulenc ze héieren.
Dëse Concert gouf den 21. Juli um Pau Casals International Music Festival opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis de 26. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Klarinett, FP 184
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Le Carnaval des animaux
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Flütt, FP 164
Albert Guinovart (*1962) Le Cortège des animaux
Interpreten:
Paul Mayer, Klarinett
Magall Mosnier, Flütt
Patricia Cordero an Maria Tió, Gei
Ferran Bardolet, Cello
Jorge Toledo, Kontrabass
Eric le Sage an Albert Guinovart, Piano
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine