An der Campagne Vull vum Joer 2026 steet dëst Joer eng éischter onbekannt Aart am Mëttelpunkt: d'Sandschmuewel, déi klengste vun eisen dräi Schmuewelaarten. Se huet e brong-groe Réck, e wäisse Bauch an ass mat enger Flillekspannwäit vu ronn 20 cm relativ kleng. Am Verglach zu deene 2 aneren aus der Famill ass d'Sandschmuewel manner bekannt, well se éischter schei ass a kaum a Dierfer ze gesinn ass.
Well esou Liewensraim ëmmer méi seele ginn - ënner anerem duerch d’Reguléierung an d’Degradatioun vu Flëss - huet et d'Sandschmuewel ëmmer méi schwéier, gëeegent Plaze fir ze bréien ze fannen. Dat ass ee vun den Haaptgrënn, firwat se als Vull vum Joer ausgewielt gouf: fir op eng Aart opmierksam ze maachen, déi dacks iwwersinn oder wéineg bekannt ass.
Explikatiounen och iwwer d'Sensibiliséierungscampagne ginn et vum Rick Junker vun natur&ëmwelt ASBL.
Bei Froen zur Vullewelt oder zu Projete kënnt Dir Iech gäre mellen op col@naturemwelt.lu oder urbanbirds@naturemwelt.lu.