Biotop
Net alles wat quaakt ass e Fräsch
10 min
Zu Lëtzebuerg gëtt et 15 verschidden Amphibienaarten. Bekannt si virun allem d’Waasserfräschen, d’Grasfräschen an d’Mouken. D’Fräschen, d’Mouken an d’Onke gehéieren zu de Froschlurchen. Donieft gëtt et awer och nach d’Schwanzlurchen, zu deenen d’Edemessen (Molchen) an d’Feiereps (Salamander) gehéieren.
D’Concerte vun de Fräschen a Mouke si jiddwerengem bekannt. Fir hir kleng Kierpergréisst kënnen des Déieren immens haart ruffen. D’Riff vun de verschiddenen Aarten ënnerscheede sech ganz eendeiteg vuneneen. Fir d’Amphibien ass et wichteg hir eegen Aart se erkennen, wann d’Männchen d’Eeër vum Weibche befrucht.
D’Biologe maache sech dës Riff zu Notzen, fir d’Aarten ze bestëmmen. Esou kënne si d’Déieren a Rou loossen a si just un hire Riff erkennen. Just bei de Schwanzlurche funktionéiert dat net, well dës net ruffen. Si benotzen Doftstoffer an hunn en Hochzäitskleed, also eng extra Fierwung wärend der Paarungszäit.
D’Michelle Clemens vum intercommunale Syndicat SIAS erkläert, wéi eng Amphibien et bei eis gëtt, a firwat se esou haart ruffen.
Presentéiert vum
- Angie Maquil