Biotop
Naturerliefnisräim - eng gréng Oas fir all Alter
10 min
Als Naturerliefnisraum versteet een en naturnoe Spillberäich mat enger dräidimensionaler Gestaltung. Beispiller heifir kënne Spillplazen an awer och Schoulhäff sinn, déi entspriechend ëmgebaut goufen. Hei fënnt ee vill Elementer aus natierleche Materialie wéi Holz a Steen, déi als Ersatzliewensräim fir Déieren a Planzen déngen. Esou bitt een de Kanner an och Erwuessenen d’Méiglechkeet, dës Déieren a Planzen hautno ze erliewen. Andeems bewosst mat dynamesche Strukture geschafft gëtt, gëtt d’Kreativitéit an déi kierperlech Entwécklung vun de Kanner gefuerdert. Esou bidden Naturerliefnisräim net nëmmen eng Chance fir d’Kanner, fir der Natur erëm méi no ze kommen, mee sinn och e wichtege Bausteen fir nees méi Natur an eis Stied an Dierfer ze bréngen, an dem Réckgang vun der Biodiversitéit entgéintzewierken.
Den Tom Dall’Armellina vun der biologescher Statioun SIAS erkläert eis, wat dat fir Problemer mat sech bréngt a firwat Naturerliefnisräim eng Léisung sinn.
Presentéiert vum
- Angie Maquil