Biotop
Bongerten - méi wéi nëmme Beem
7 min
Wousst Dir schonn, datt Bongerten net nëmme frëscht Uebst liwweren, mee och Liewensraum fir Dausende vun Déieren- a Planzenaarte bidden? Si gehéieren zu den aarteräiche Liewensraim vu Mëtteleuropa. Mat hire verspreeten Uebstbeem an oppene Wise fërdere se d’Biodiversitéit an erméiglechen Insekten, Vigel a Fliedermais ideal Bedingunge fir ze nisten, friessen an iwwerwanteren. Nieft der Aartevillfalt leeschte Bongerten och wichteg Reguléierungsdéngschter: d’Beem späicheren CO2, erhéijen d’Buedemfruchtbarkeet a schütze virun Erosioun. Gläichzäiteg si Bongerten eng Plaz fir Erhuelung a kulturell Traditiounen, déi eis un al Äppel-, Bieren- a Quetschenzorten erënneren a Gemeinschaftserliefnisser bei engem Vizefest schafen.
Den Naturschutzzentrum A Wiewesch gëtt eis en Abléck an déi villfälteg Ekosystemdéngschtleeschtunge vun dëser wäertvoller Kulturlandschaft a weist, wéi se eist Liewen an eis Ëmwelt beräicheren. Explikatioune vun der Jil Schartz, Responsabel vum Naturschutzzentrum A Wiewesch
Presentéiert vum
- Angie Maquil