Biotop
Besser uséien oder léiwer fäerdege “Rollrase” leeën?
8 min
Gras uséien oder léiwer fäerdege Rollrasen uleeën ass eng Fro, déi sech muncher ee stellt. Déi zwou Variante brauchen eng onkrautfräi, gelackert a fest gedréckte Fläch, éier et lassgeet. D’Uséien erméiglecht de gezielte Choix vu Graszorten, déi op d’Fläch passen. Dee richtege Som fir Schied, Fiichtegkeet, Dréchent oder intensive Gebrauch ass einfach auszesichen an ze séien. Dat erméiglecht de Rollrasen net, well dat éischter eng universal Léisung ass.
Et muss ee méi Gedold an Zäit aplange, wann ee sech dozou entscheet ze séien, par Rapport zum fäerdege Rollrasen, vun deem kann ee schonn no zwou bis dräi Woche profitéieren.
D’Fleeg vu béide Variante bleift déi selwecht. Laanscht d'Méien, Düngen, Vertikutéieren an eventuell Noséie kënnt een net. Explikatioune ginn et vun der Hobby-Gäertnerin Dana Keup.
Presentéiert vum
- Angie Maquil