Wat stécht hanner Magersucht? Firwat entwéckele Leit Iessattacken oder musse sech esouguer duerno iwwerginn? Iessstéierunge si komplex a mussen eescht geholl a richteg behandelt ginn, fir datt et net zu schlëmmere kierperlechen a psychesche Problemer kënnt. Leider zielen Iessstéierungen nach ëmmer zu den Tabutheemen an eiser Gesellschaft an doduerch verbessert sech d’Situatioun vun de Betraffenen an och d’Behandlungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg net.
Firwat et wichteg ass doriwwer ze schwätzen, ze informéieren, ze erklären an de betraffe Persoune virun allem déi richteg Hëllef unzebidden, dat thematiséiere mir mat der Dieteticienne Céline Genson.
Fir weider Informatiounen: www.essstoerungen.bioeg.de