E Jetlag entsteet, wann eis bannenzeg Auer net méi mam Rhythmus vun der neier Zäitzon zesummepasst. Dëst kann zu Middegkeet, Verdauungsproblemer an Onkonzentratioun féieren - besonnesch bei Reesen an den Osten.
Am Interview mat der Ernärungsberoderin Stephanie Rosquin erkläre mir wéi Iessen, Luucht a Schlofzäiten hëllefe kënnen, de Kierper méi séier unzepassen. Och Melatonin, dat natierlecht Schlofhormon, kann dobäi eng Roll spillen. Spannend: Jetlag gëtt et net nëmme beim Reesen, mee och am Alldag, z. B. duerch Schichtaarbecht oder onreegelméissege Schlof. Wat zielt, ass Rhythmus: bewosst iessen, beweegen a schlofen - fir datt d’Auer erëm richteg tickt.