Chronesch, roueg Entzündungen, sougenannte Silent Inflammation, stinn am Zesummenhang mat ville moderne Krankheeten. D’Ernärung schéngt eng Schlësselroll ze spillen: staark veraarbecht Liewensmëttelen, Zocker, wäisst Miel a schlecht Fetter kënne Reaktiounen am Kierper verstäerken. Dofir solle méi Geméis, Vollkar, gesond Fetter an entzündungshemmend Gewierzer wéi Kurkuma oder Ingwer op den Dësch kommen. Och sozial Facteuren a Stress hunn en Afloss op d’Entzündungsentwécklung. Iessergänzungsmëttele wéi Omega-3, Vitaminn D oder Curcumin kënnen nëtzlech sinn, mussen awer gezielt an no Berodung geholl ginn. Schlussendlech gëllt: kleng realistesch Schrëtt féieren zum Erfolleg. Erklärunge mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
arrow_back_ios
Bewosst Gesond
Entzündungshemmend iessen
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag
An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
Iessstéierungen
Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken
Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach
Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?
Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken
Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
Intervallfaschten am Realitéitscheck
Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen
Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit
De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?
Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?
En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
Gesond Zosen
Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8
Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
Fäerdegproduiten
Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng
2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen
Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?
Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill
Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
Wat ass Prädiabeetes?
Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.